
Eltere wuessen mat hire Kanner
Wärend Äre Puppelchen ëmmer méi grouss an autonom gëtt a dobäi säin eegene Wëllen entwéckelt,
kënnen sech d'Konflikter an der Eltere-Kand-Bezéiung heefen. Di meescht Eltere wënschen sech an
dëser Phas vun hirer Eltereschaft Rot an Ënnerstëtzung, vir dës néi Erausfuerderungen ze meeschteren.

Déi heefegst beschwaten Themen sinn:
-
Iess- an/oder Schlofproblemer
-
Handlungsméiglechkeeten bei staarke Gefillsausbréch a heftëge Wutufäll
-
Ennerstëtzung bei persistente Konflikter: Problemer beim Zännwäschen, Undoen usw
-
Jalousie a Sträit tëschent Geschwëster
-
Kommunikatiounsschwieregkeeten: Mäi Kand lauschtert einfach net!
Profitéiert vun enger individueller Berodung fir
Är perséinlech Ënnerstëtzung bei der Gestioun vun Ärem Familljen-Alldag oder
besicht ee vun de verschiddenen Eltere-Coursen, wéi z.B. Kleng Entdecker oder aner Workshoppen.