top of page

Iwwer mech

Ech sinn d'Laure Miltgen,
d'Grënnerin vun der KannerPerspektiv
a Mamm vun zwee Kanner (gebuer 2016 an 2019).

Ech sinn Erzéiungsberoderin*,

systemesch Familljeberoderin **, Familylab-Seminarleederin***

a Kannerdoktesch**** an engem Cabinet an der Staadt.

Detailer zu menger Ausbildung: * 2022: Zousätzlechen Universitéitsdiplom am Beräich „Begleedung vun Elteren" (diplôme universitaire: «Accompagnement de la parentalité») un der medezinescher Fakultéit vun der Sorbonne Université (Paräis, Frankräich) mam Dr Catherine Guegeuen. **2022-2024: Diploméiert vun der UFEP (Unité de Formation et d'Education Permanante) A Kollaboratioun mam IFS (Institut für Systemische Familientherapie) *** 2021: Diploméiert als Seminarleederin vu Familylab Luxembourg **** 2017 : Promouvéiert zum Kannerdokter op der UCL (Université Catholique de Louvain; Bréissel, Belsch)

An menge Consultatiounen als Kannerdokter sinn iwwert d’Joren ëmmer méi Froen zur Erzéiung opkomm.

Vill Eltere fillen sech opgrond vun de géigesätzleche Rotschléi an den ënnerschiddlechen Erzéiungsmethoden verluer a sichen eng kompetent a professionell Begleedung fir hir Froen an Erausfuerderungen.

Wéi meng eege Kanner an d'Autonomie-Phase (och Trotz-Phase genannt) koumen, hunn ech mech méi intensiv mat den Themen Erzéiung a Bezéiung beschäftegt. Déi zesummegedroen Erkenntnisser aus der Neurophysiologie, Entwécklungspsychologie an der Traumatherapie hu mäi Verständnis vun der Entwécklung vum Kand a senge Kompetenzen esou ewéi de Bléck op d‘Eltere-Kand-Bezéiung komplett verännert.

Nodeems ech privat ewéi och professionell ëmmer méi Eltere begéint sinn, déi sech vill Gedanken

iwwer d'Erzéiung an d'Begleedung vun hire Kanner maache,  ass d'Iddi fir en innovative Projet entstanen:

eng Familljeberodung, wou Eltere mat vill Fachwëssen an Empathie

an hirer Eltereschafft mat all hire Froen, Onsécherheeten a Suerge kompetent begleet ginn.

Dorops hin hunn ech d'KannerPerspektiv gegrënnt a meng Familljeberodung um Mamerhaff opgemaach.

KannerPerspektiv - Erzéiung, Bezéiung - Education, relation - Erziehung, Beziehung - Education, relationship

A menge Consultatiounen an Elteren-Coursen beroden ech Famillje bei hire Froen a Bedenken,

ënnerstëtzen si wärend den diversen Erausfuerderunge vun hirer Elterenschafft a begleeden si am Alldag,

fir eng erfëllend Eltere-Kand-Bezéiung ze gestalten.

bottom of page